Tourismus quasi inexistentHotellerie wier rëm um Punkt wéi d'lescht Joer ëm dës Zäit

Lynn Cruchten
Reesrestriktiounen, Teletravail a CovidCheck-Mesurë mat der Konsequenz, dass d’Zëmmeren eidel bleiwen.
Pandemie mécht Hotellerie ze schafen
Et wier een nees um selwechte Punkt wéi d’lescht Joer.

Dem Hotellerie-Secteur mécht d’Pandemie vun Ufank un ze schafen. An déi nei annoncéiert, méi streng Reegelen droen net zu enger Verbesserung bäi. Am Géigendeel. Et wier ee quasi rëm um selwechte Punkt, wéi d’lescht Joer ëm dës Zäit, dat seet Carlo Cravat.

“Mir si wierklech erëm am Schlamassel”, sou de Stater Hotelier, deen a sengem Hotel aktuell grad emol 3 vun 59 Zëmmere beluecht huet. De Businesstourismus wier momentan quasi inexistent. Vum September dëst Joer un hätt een nees e puer méi Reservatiounen gehat an d’Gefill et géif biergop goen, mä elo géif een éischter dovun ausgoen, dass 2022 änlech ewéi dëst Joer géif ginn.

De Staat géif dem Secteur zwar finanziell ënnert d’Äerm gräifen, mä et hätt een trotzdeem grouss Aboussen. An et bedauert een, dass et beim Ausbezuele vun den Hëllefe vill Retard gëtt. Doduerch misst een zäitweis op der Bank Sue léinen, fir kënne Salairen an lafend Rechnungen ze bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO