Generalinspektioun FinanzenIGF: Irregularitéiten an de Konte vu Science Center a GGM11

RTL Lëtzebuerg
Den Nicolas Didier hätt 730.000 Euro Scholde vis-à-vis vun der ASBL Luxembourg Science Center (LSC) a senger Privatfirma GGM11.

Zu där Konklusioun kënnt d’Inspection générale des finances (IGF) an hirem Rapport iwwert d’Flux financiers vum Science Center. Hien huet deemno méi Suen aus deenen zwou Strukturen erausgezunn, wéi hien Uganks dra gestach huet. Säin Apport loung der IGF no bei 2,88 Milliounen Euro, déi hien an den Opbau vum Science Center gestach hätt. Mee en hätt op där anerer Säit 2,43 Milliounen Euro Retraite gemaach – ouni seng Salairen a Remuneratiounen. Der IGF no wieren dem Nicolas Didier 1,18 Milliounen netto Remuneratiounen octroyéiert ginn. Dovun waren 640.000 effektiv bezuelt ginn. Déi Payementer wieren awer gemaach ginn, ouni datt den Nicolas Didier bei GGM11 dofir e Aarbechtskontrakt gehat hätt, respektiv beim LSC ee gehat hätt, deen net vum Verwaltungsrot validéiert war. Sou datt d’IGF op e Solde vu 730.000 Euro kënnt, déi den Nicolas Didier vis-à-vis vu vum LSC an GGM11 hätt.

D’IGF huet och Irregularitéiten an der Comptabilitéit konstatéiert. Dat bei der Analyse vu Finanzoperatiounen, déi e Lien haten mam Nicolas Didier selwer, senger Famill oder senger amerikanescher Firma IP Finance. Si réit dowéinst, datt esouwuel d’Konte vum LSC wéi vu senger Privatfirma GGM11 missten engem detailléierte Finanzaudit ënnerzu ginn, fir ze iwwerpréiwen op d’Konte stëmmen. Et géif à ce stade vill Onsécherheeten, doriwwer op déi presentéiert Konten koherent wieren an déi tatsächlech finanziell Situatioun vum LSC an GGM11 géifen richteg erëmspigelen.

Fir de Risiko vun enger Beräicherung – aktuell oder an der Zukunft, z’ecartéieren, missten all finanziell a comptablestechnesch Operatioune vun engem Reviseur zertifiéiert ginn. An de Bicher missten d’Detten annuléiert ginn, wéinst gescholten, mee net bezuelte Remuneratioune vis-à-vis vum Nicolas Didier a seng Prestatiounen an engem richtegen Aarbechtskontrakt oder enger Konventioun formaliséiert ginn. E méigleche Salaire misst am Viraus formell vum Staat accordéiert ginn.

De Nicolas Didier misst och drop verzichten, fir dem Staat Depensen ze refakturéieren, déi hien ënnert anerem fir den Ausbau vum Science Center an der Phase Zwee schonn iwwer seng Firma GGM11 gemaach huet, fir déi et keen Optrag vum Staat a keng Konventioun gouf a fir déi hien eisen Informatiounen no bal zwou Milliounen Euro wollt un de Staat verrechnen. Acceptéiert den Educatiounsministère, vun deem de Science Center bis elo Subventioune kritt huet, déi Facturen net, riskéiert de Science Center op de Käschte sëtzen ze bleiwen. De Ministère hat jo virun e puer Méint d’Konventioune mam Science Center gekënnegt. Dat fir den Nicolas Didier dozou ze beweegen, eng nei Gouvernance ze akzeptéieren, bei där de Staat an d’Decisioune vum Conseil d’administration agebonnen ass. Dozou réit och d’IGF am Resumé vum hirem Rapport, deen RTL virläit.

Back to Top
CIM LOGO