CLAEImmigratiouns-ASBL fuerdert neie Ministère fir Biergerrechter

RTL Lëtzebuerg
Dëse "Ministère de la Citoyenneté" soll sech ëm Migratiounsfroe bekëmmeren, ëm déi sech d'Politik bis ewell net genuch géif bekëmmeren.
© RTL-Archiv

En neie Ministère fir d’Biergerrechter - net méi, mee och net manner fuerdert d’Immigratiouns-ASBL CLAE, déi eng 190 Associatiounen aus deem Secteur regroupéiert.

D’Charge vum neie Ministère wier et dann och fir sécherzestellen, datt all Immigranten d’selwecht bei hirem Accueil behandelt an datt hier Rechter voll a ganz respektéiert ginn.

Eng aner Aufgab vum neie Ministère, deen de CLAE fuerdert, wier d’Schafe vun engem neie Schoulfach, nämlech d’Educatioun iwwer d’Biergerrechter an dat vum jéngste Schoulalter un.

Back to Top
CIM LOGO