Booster wéini?Impf-Rappell bei AstraZeneca no 4 Méint, bei Biontech a Moderna sinn et 6 Méint

RTL Lëtzebuerg
Eng Woch nodeems den Impf-Rappell fälleg ass, gëtt d’Invitatioun dofir erausgeschéckt.

Ass ee mat AstraZeneca geimpft ginn, ass dat no 4 Méint. Ass ee mat Pfizer oder Moderna geimpft ginn, no 6 Méint. Dat präziséiert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Martine Hansen. An den Impfzentere kritt een de Booster nëmmen op Rendez-vous. Ouni Rendez-vous kritt een hei nëmmen éischt Impfungen. E Freideg geet dann och um Findel e weideren Impfzenter op. Dësen ass dann och nëmme fir Leit, déi hiren Impf-Rappell gesprëtzt kréien.

PDF: Äntwert op aprlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Martine Hansen

Back to Top
CIM LOGO