Nei Reegelen an de LycéeënImpressiounen aus dem Stater Kolléisch an dem ECG

Christophe Hochard
1.500 Schüler a Schülerinnen zielt de Stater Kolléisch. Zanter e Méindeg funktionéieren d’Klasse vu 4ième bis 2ième nom System vun der Alternance.
Impressiounen aus dem Stater Kolléisch
1.500 Schüler a Schülerinnen zielt de Stater Kolléisch. Zanter e Méindeg funktionéieren d’Klasse vu 4ième bis 2ième nom System vun der Alternance.

Ronn 400 Schüler a Schülerinne si concernéiert, si hunn ofwiesselend Unterrecht. Wärend d’Hallschent vun der Klass Doheem virum Computer sëtzt, ass déi aner Hallschent am Schoulgebai present.

Et misst ee sech un dës nei Mesure gewinnen, esou d’Sena, eng Schülerin op enger 2ième am Stater Kolléisch.

Eng Schülerin aus dem Kolléisch

D’Premièresklassen sinn net vun dësen neie Mesurë concernéiert. Am Stater Kolléisch awer 24 Klassen vu 4ième bis 2ième. Fir d'Direktioun vum Lycée war et wichteg, fir d’Sécherheet vu jidderengem ze garantéieren, esou de Claude Heiser, Direkter vum Stater Kolléisch.

Den Direkter vum Kolléisch

Bis d’Chrëschtvakanz gëllen elo emol dës nei Mesuren. Am Stater Athénée ass een awer och schonn drop preparéiert, dës Mesuren iwwer 2020 eraus bäizebehalen.

Och an den anere Lycéeën am Land huet ee sech ëmgestallt an de Schoulsystem funktionéiert elo no deenen neie Reegelen. Den Ecosproff Jean-Claude Miller souz e Méindeg beispillsweis ganz eleng an der Klass. Déi ganz Studente ware vun Doheem aus iwwer Teams zougeschalt.

Reaktioun vun der Proffegewerkschaft Féduse

Live-Interview mam Raoul Scholtes vun der Féduse

Mir hunn elo de 6. Schoulmodell fir 2020. Dat ass natierlech ermiddend, seet de Raoul Scholtes, President vun der Proffegewerkschaft Féduse. Hie war live am Interview am Moiesjournal. Besonnesch fir d'Schüler wär et ustrengend, déi normal scho genuch ze dinn hätten, fir einfach Teenager ze sinn.

De Raoul Scholtes huet präziséiert, datt mam neien ofwiesselenden Unterrecht vu 4e bis 2e 25% manner Schüler an der Schoul sinn. Hie begréisst d'Mesure, och wa mol vläicht deen een oder anere Schüler beim Homeschooling Schwieregkeeten huet. Och am Normalfall „dreemen engem Schüler fort, wa se do sinn“, sou de President vun der Proffegewerkschaft, mä et wier scho méi problematesch, wa se net am Sall sinn. Mä et wäre jo och sanitär Mesuren, keng pädagogesch.

D'Opdeelung vum Schouljoer a Semestere géif op alle Fall Drock eraus huelen.

D'Teste mat de mobillen Equippen hätt sech verbessert, mä trotzdeem misst méi zäitno informéiert ginn. Wien ass haut do, wien feelt muer, déi Froe géif een sech ëmmer stellen.

De Raoul Scholtes wënscht sech och méi Planungssécherheet. Am Januar, Februar géif sech d'Situatioun warscheinlech net enorm verbesseren, sou datt ee scho villäicht bis d'Fuesvakanz den Hybrid-System hätt kënne festhalen, an net nees mat enger Woch Virwarnung en neie System annoncéiere misst.

RTL-News: Enseignement - Zanter e Méindeg gëllen nei Reegelen an de Lycéeën

Back to Top
CIM LOGO