
En Donneschdeg de Moien huet d’Associatioun zwou weider Placken ageweit, déi duerno een Deel vun hirem Shoah-Gedenkwee uechter d’Stad sinn.
De President Mil Lorang erkläert, dass et grad an Zäiten ewéi haut, wou den Antisemitismus nees richteg opflaamt, wichteg wier, un d’Shoah, un d’Massaker un de Judden am Zweete Weltkrich z’erënneren. Och hei am Land hätten d’Menacë géint d’Judden nämlech zougeholl:
“Ech hunn de President vun der RIAL [Recherche et information sur l’antisémitisme au Luxembourg, n.d.l.r.] gefrot, wéi d’Situatioun ass. An hien huet mer gesot, dass et an engem Mount méi Incidente gouf wéi an deene 9 Méint virdrun. Et handelt sech meeschtens ëm verbal Ausfäll, haaptsächlech an de soziale Medien. Awer och schonn ëm déi eng oder aner Bedreeung. Zum Beispill ass um Internetsite vun zwou Organisatiounen, déi sech mat esou Froen beschäftegen, e Message hannerlooss ginn, Genre ‘mir wëssen, wou mer Iech fannen’ oder zum Beispill eng jiddesch Famill krut op hir Dier e Porte-Clé gepecht mat den Ëmrëss vu Palestina an wou dann och dra stoung, ‘Palestina, also keng Plaz méi fir Israel’.”
Bei der Aweiung vun den zwou Gedenk-Placke waren och sechs Police-Beamte present. Allgemeng géing ee mierken, dass d’Onsécherheet fir déi jiddesch Communautéit ëmmer méi grouss gëtt. Schliisslech hätt d’Hamas den 12. Oktober weltwäit zur Gewalt géint Judden an net géint Israeelien opgeruff, sou de President vu MemoShoah Mil Lorang.