
Dës RTL-Informatioun gouf en Donneschdeg op Nofro hin vun der Finanzministesch Yuriko Backes confirméiert. D’Regierung plangt, d’Kannergeld vun der Index-Modulatioun, déi am Tripartite-Accord festgehalen ass, auszeschléissen.
Am August géif d’Kannergeld deemno ëm 2,5 Prozent eropgoen. D’Salairen an d’Pensioune jo net, déi Indextranche géif jo allgemeng an den Abrëll 2023 verluecht ginn.
D’Kannergeld war jo am Januar réckwierkend op den Oktober zejoert nees re-indexéiert ginn.