StatecIndextranche sollt am Juli entfalen, gëtt awer duerch Steierkredit ersat

RTL Lëtzebuerg
Duerch den Tripartite-Accord gëtt den Index ausgesat an duerch e Steierkredit vu bis zu 84 Euro ersat.
© Emil Kalibradov / Unsplash

Am Juni louch de Jorestaux vum Indice des prix à la consommationnational bei ronn 7,4 Prozent an doduerch ass d’Moyenne vum Semester op iwwer 941,12 Punkte geklommen. Doduerch misst eng Indextranche declenchéiert ginn. Ma wéinst dem Gesetz vum 29. Juni 2022 wäert dës Indextranche op Paien, Traitementer a Pensiounen net elo, mä eréischt den 1. Abrëll 2023 declenchéiert ginn. Amplaz trëtt de sougenannte Steierkredit. Obwuel den Index bei ville Payementer ausfält, esou kënnt en awer bei de Familljenzoulagen, ënnert anerem d’Kannergeld.

Den OGBL hat am Virfeld annoncéiert, datt si den 1. Juli gëtt d’Indexmanipulatioun wëlle protestéieren.

PDF: D'Schreiwes vum Statec

Back to Top
CIM LOGO