Mam Tripartite-Gesetz ginn déi meescht Punkten aus dem Accord tëscht Regierung an zwou Gewerkschaften ëmgesat. Do stieche besonnesch d’Verréckele vun der Indextranche an d’Kompensatiounsmesurë via Steierkreditter ervir. D’Regierung géif mat de rezenten Amendementer net zeréckrudderen, ma den Accord géing wéi geplangt ëmgesat ginn.
Et wäert keng Indextranche ewechfalen, betount de Gilles Baum. Ma tëschent dem Ausbezuele vun zwou Tranchë missten 12 Méint sinn. Besonnesch bei den ënneschten Akommes géing et steierlech Iwwerkompenséierunge ginn, sou de liberale Fraktiounschef. Dës Leit kéime besser ewech, ewéi wann den Index ausbezuelt gi wier. D’Kompensatioune wäerten och scho vu Juli u gräifen. Déi aktualiséiert Fiche financière schwätzt iwwregens vu 530 Milliounen Euro.
Et si wéi gesot déi meescht Dispositiounen, déi an dësem Gesetz ëmgesat ginn. Aner Mesurë ware scho via groussherzoglecht Reglement op den Instanzewee geschéckt ginn. Fir de Volet Logement gëtt e separat Gesetz gemaach, ausser fir d’Afréiere vun de Loyeren. D’Majoritéitsfaarwe stinn ouni Iwwerraschung hannert dem Accord.
D’CSV ka mat deem, wat um Dësch läit, prinzipiell liewen
D’Betriber géingen iwwerliewen an de soziale Fridde géing et eben net zum Nulltarif ginn, fënnt de Co-Fraktiounspresident Gilles Roth.
Hie géing d’Berechnunge vum Statec nach ëmmer net sou ganz verstoen. De System vun de Steierkreditter wier op alle Fall net perfekt. D’Kompensatiounsmesurë géinge jiddefalls Familljen, bei deene just eng Persoun schaffe geet, benodeelegen, sou déi chrëschtlech sozial Vollekspartei.
Den CSV-Riedner stellt sech kloer hannert den Index a sollt et zu enger weiderer Modulatioun kommen, misst onbedéngt d’Tripartite virdru beieneekommen, sou wéi d’Regierung dat jo och versprécht.
Fir d’ADR hätt een d’Indextranchë solle wéi virgesinn ausbezuelen
Am Géigenzuch hätten d’Betriber méi staark sollen ënnerstëtzt ginn. D’Argument vun der Iwwerkompenséierung via Steierkreditter ass fir den Deputéierte Fernand Kartheiser net valabel, ënner anerem well Iwwerstonnen oder Sonndesstonnen net consideréiert ginn. Bei de Spritpräisser misst ee sech froen, wou den ekonomesche Verstand bleift, 7,5 Cent Remise, dat wier net ganz vill.
Déi Lénk bedaueren eng kloer Index-Manipuléierung
Der Regierung hir Argumenter géinge kenger Analys standhalen. D’Stéit missten d’Zopp ausläffelen an net d’Entreprisen. Ville Betriber géing et alles anescht wéi schlecht goen, sou d’Deputéiert Myriam Cecchetti. Wa schonn am Ganze géingen 800 Milliounen deblockéiert ginn, dann hätt ee cibléiert zum Beispill klenge Betriber kéinten hëllefen. Déi Optioun wier leider net consideréiert ginn. Den OGBL géif déi Indexmanipulatioun op alle Fall zu Recht uprangeren, sou déi Lénk. Déi neoliberal Rezepter aus dem 20. Joerhonnert géifen eis net méi weiderbréngen.
Fir d’Piraten hätten all d’Sozialpartner missten d’accord sinn
Sou dierft kee Sozialdialog zu Lëtzebuerg oflafen, sou den Deputéierte Sven Clement. Hie schwätzt vun engem Onsolidaritéitspak. Iwwerkompenséierunge géifen et just op den éischte Bléck ginn, well all déi nächst Indextranchë jo bësse manner héich géingen ausfalen. D’Konzept vun der Regierung wier net bis un d’Enn geduecht, dofir hätt jo och scho missten nogebessert ginn.
Trotz der Ofstëmmung, léisst den OGBL net labber ...
... a mécht weider Drock géint den Tripartite-Accord. An dat och e Mëttwoch mat enger Protest-Aktioun virun der Chamber. Kuerzfristeg aberuff, an awer ware ganz vill Militanten op de Krautmaart komm, fir ze weisen, datt de Protest am Sënn vum Index weider geet. A wuel och an der Hoffnung, datt d’Regierung awer nach an den nächste Wochen zeréckruddert.
Gemengewale vum Hierscht an de Juni verluecht
Dat nächst Joer sinn den 11. Juni Gemengewalen, déi Annonce hat d’Inneministesch Taina Bofferding virun e puer Woche schonns gemaach. Ma fir dat och gesetzlech esou festzehalen, gëtt an der Chamber en entspriechenden Text gestëmmt, fir d’Loi communale ze adaptéieren, déi u sech seet, dass Gemengewalen am Hierscht misste sinn. Do sinn am Oktober d’nächst Joer awer schonns d’Chamberwalen.