VIDEO: SeniorenInfo-Reunioun zu Walfer fir méi Sécherheet vun eelere Leit

Jeannot Ries
Praktesch all gudden Dag liest oder héiert ee vu kriminellen Aktiounen, bei deene besonnesch eeler Leit betraff sinn.
VIDEO: Info-Reunioun zu Walfer fir méi Sécherheet vun eelere Leit
Praktesch all gudden Dag liest oder héiert ee vu kriminellen Aktiounen, bei deene besonnesch eeler Leit betraff sinn.

Ob dat eng eeler Damm ass, déi hir Posch geklaut kritt oder op den Enkeltrick erafält oder nach eeler Persounen, déi doheem iwwerfall ginn.

Fir opzeklären a preventiv virzegoen, gëtt et d'Amicale vun de Senioren-Sécherheetsberoder, déi um Sonndeg zu Walfer een Informatiouns-Nomëtteg hat.

De Public aus der Ëmgéigend vum Uelzechtdall fillt sech op alle Fall "éischter sécher" an hirem Alldag, sou heescht et. Mee bei dëser Reunioun geet et jo ëm déi honnertprozenteg Sécherheet.

Déi "urban Legend", dat d'Brigange sech géigesäiteg Zeechen op d'Haiser oder Bréifboite vun de Leit maachen, fir festzestellen, ob et eng eeler Fra ass, ob se eleng ass oder ob et een Hond do gëtt zum Beispill, ass entgéint den Erwaardungen tatsächlech vun der Police confirméiert ginn. D'Sécherheetsberoder goufen iwwerdeems vun der Police fir dës Aufgab forméiert.

Soss gouf et natierlech vill engem Grand-Public scho bekannte Rotschléi, déi awer ëmmer nach hir Richteg- a Wichtegkeet hunn.

Back to Top
CIM LOGO