Taina BofferdingInneministère préift Méiglechkeeten, fir och Begriefnesser ze moderniséieren

RTL Lëtzebuerg
Am Inneministère sinn den Ament Iwwerleeungen amgaangen, fir no den Hochzäiten an Zeremonië fir de Pacs och Begriefnesser ze moderniséieren.
© RTL

An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun déi Gréng, erkläert d’Inneministesch Taina Bofferding, et wier een amgaangen, zesumme mam Departement fir d’Culten an der Santé ze kucken, wat méiglech ass.

Och de Gemengesyndikat Syvicol soll an d’Iwwerleeungen agebonne ginn, fir Léisungen a Recommandatioune fir d’Gemengen auszeschaffen. De Ministère préift och d’Méiglechkeet, fir sougenannt “neutral Kierfechter” anzeféieren.

Äntwert op parlamentaresch Fro N°6732

Back to Top
CIM LOGO