Roboteren, déi beim Operéieren hëllefen. Fir dem technesche Fortschrëtt net hannendrunzelafen, sinn d’Klinike gefuerdert permanent hir Apparater a soss Hëllefsmaterialien z’ersetzen an z‘erneieren.
Dernieft muss awer och d’Personal sech den neisten Technologien upassen an dofir ëmmer nees u Formatiounen deelhuelen.
De Centre Hospitalier an der Stad leet besonnesch vill Wäert drop, dass d’Mataarbechter sech permanent weiderbilden, fir esou och de Patienten déi beschtméiglech Fleeg kënnen unzebidden.