Europäesche RechnungshaffInterventioun wéinst verdächtegen Enveloppen, Police gëtt Entwarnung

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg koum et zu enger gréisserer Interventioun um Europäesche Rechnungshaff um Kierchbierg. Et goufe verdächteg Enveloppë gemellt.

Wéi d’Police géigeniwwer RTL confirméiert, hu sech déi verdächteg Bréiwer awer als harmlos erausgestallt. Géint 11.30 Auer goufen d’Enveloppen der Police gemellt, den Asaz soll kuerz no 12 Auer eriwwer gewiescht sinn.

An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, d’Gebai wier evakuéiert ginn. Dëst war awer der Police no net de Fall.

Back to Top
CIM LOGO