Oste vum LandIRM am Centre médical Potaschbierg vun e Mëttwoch un operationell

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt Beweegung am Dossier vun engem IRM an enger privater Praxis um Potaschbierg. Dat schreift d'CSV den Dënschdeg de Moien an engem Communiqué.

Eigentlech sollt den Zentrum am Oste schonn Ufank Abrëll seng Dieren opmaachen, ma d’Gesondheetsministesch hat e Verbuet ausgeschwat, fir den IRM a Betrib ze huelen. Mat der Begrënnung, dat géing géint d‘Spidolsgesetz verstoussen.

Vun e Mëttwoch u mécht de Centre médical Potaschbierg awer seng Dieren op a kann nieft de konventionelle Röntgen an engem Scanner dann elo och Ënnersichunge mam IRM duerchféieren. Domat géing den Oste vum Land, deen dacks a puncto medezinesch Versuergung vernoléissegt wier, e gutt Stéck virubruecht ginn, sou schreift et d‘CSV.

D’Regierung wier awer elo gefuerdert, fir dofir ze suergen, dass d’Patienten den IRM, dee se do gemaach kréien, och komplett vun der CNS rembourséiert kréien, sou fuerderen et déi Chrëschtlech-Sozial.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun der CSV

Back to Top
CIM LOGO