Neie Rapport weistIslamophobie ass och e Problem zu Lëtzebuerg

Pierre Jans
Islam-feindlech Handlunge géifen dacks net deklaréiert ginn. Zejoert wieren et just 7 Prozent gewiescht.
© AFP (Archiv)

Islamophobie gëtt et och am Grand-Duché. Och hei ginn et Fäll, wou Leit, déi der islamescher Konfessioun ugehéieren, diskriminéiert ginn. Dat confirméiert och den zweeter Rapport vum Observatoire vun der Islamophobie zu Lëtzebuerg. 314 Moslemen, Fraen a Männer, goufen an engem Questionnaire iwwer hir Erfarung mat Islamophobie gefrot.

Islamophobie-Rapport / Reportage Pierre Jans

Net grad 76 Prozent vun de befrote Mosleme fannen, dass si gutt an der Lëtzebuerger Gesellschaft integréiert sinn. 75 Prozent denken, dass Mënschen, déi un den Islam gleewen, hei am Land manner diskriminéiert ginn, ewéi bei den Nopere Frankräich, Däitschland, Belsch.

Am Rapport gëtt ervirgestrach, dass d'Resultater op e positiven Impakt vun eben dem Observatoire vun der Islamophobie hindeiten. Dee gouf am Januar 2018 gegrënnt. Zanterhir wären déi islamophob Akten ëm 8 Prozent erofgaangen tëscht 2017 an 2019. Bal 28 Prozent vun de Participante vun der Ëmfro hunn uginn, 2019 Zeie vun enger islamophober Handlung gewiescht ze sinn, déi si awer net selwer concernéiert hat. Bal 18 Prozent wäre selwer wéinst hirer Relioun diskriminéiert ginn, dat ass eng ganz liicht Hausse par Rapport zum Joer virdrun. Bal 13 Prozent hunn uginn, 2019 béides gewiescht ze sinn, Observateur an Affer.

Den OIL weist op e wichtegt Phänomen hin, deen am Rapport confirméiert gi wär. Islam-feindlech Handlunge géifen dacks net deklaréiert ginn, nëmmen 7 Prozent zejoert.

Den Echantillon fir dës Enquête setzt sech zesummen aus 182 Männer an 132 Fraen. Bal d'Hallschent ass tëscht 31 a 40 Joer al. Eppes iwwer 20 Prozent jeeweils tëscht 21 an 30, respektiv 41 a 50 Joer al. Gutt 54 Prozent hunn d'Lëtzebuerger Nationalitéit. Bal 35 Prozent wunnen hei am Land. Et goufen och Mënschen aus verschiddene Beruffskategorië gefrot. Dem Observatoire no war et sou méiglech, d'Heterogenitéit vun de Situatiounen ze markéieren, an deenen Islamophobie gesinn oder erlieft gëtt.

Deemno ass et warscheinlech, dass e puer islamesch Eenzelpersounen, och wéinst anere Critèren - enger Behënnerung zum Beispill, der wirtschaftlecher Situatioun oder dem Alter - diskriminéiert goufen. Dat kéint zu engem erhéichten Taux vun Islamophobie bäidroen, deen iwwert dem Duerchschnëtt vum Rescht vun de Leit läit, déi matgemaach hunn.

De Rapport huet ronn 50 Säiten, gefëllt mat fillen interessante Statistiken. An ass um Internetsite vum Observatoire fir Islamophobie zu Lëtzebuerg ze fannen. E Fazit vun den Auteuren ass nach, dass Islamophobie de Participanten no am héchstens an der Aarbechtswelt ass, an de Medien, den ëffentleche Plazen an an der Politik. Déi moslemesch Populatioun zu Lëtzebuerg ëmfaasst ronn 20.000 Persounen.

LINK: Fannt hei de komplette Rapport

Back to Top
CIM LOGO