An Israel ass mëttlerweil bal all 3. Persoun geimpft. Et ass dat Land, wat weltwäit am séiersten impft. Méiglech ass dat duerch eng Fuerschungskooperatioun tëscht dem israelesche Gesondheetsministère an der amerikanescher Entreprise Pfizer.
Genuch Impfstoffer fir déi ganz Populatioun kënnen duerchzeimpfen, dovun dreemen den Ament bal all d'Regierungen op der Welt. Ee Land huet bei der Course d'Nues vir. Israel ass et gelongen, mat der amerikanescher Pharmaentreprise Pfizer e Kontrakt ofzeschléissen, fir esouvill Dosissen ze kréien, fir all Erwuessene kënnen ze impfen, dee ka geimpft ginn.
D'Dokument gouf de Weekend vum israelesche Gesondheetsministère verëffentlecht. D'Objektiv vum Projet ass et, epidemiologesch Donnéeën ze sammelen an ënnert anerem der Fro nozegoen, wéini genuch Mënsche geimpft sinn, fir d'Pandemie ze bremsen.
De Grand-Duché huet ee staarken ëffentleche Fuerschungssecteur. Ma wier dann esou eng Kooperatioun och bei eis virstellbar? Déi grouss Testkapazitéiten, déi een duerch de Large Scale Testing hei am Land opgebaut huet, sinn duerchaus interessant fir d'Pharmaentreprisen. Duerch impfen an teste kritt een Informatiounen, ob ee sech trotz Vaccin nach kann infizéieren an de Virus weider ginn. Vun deem Ament un, wou d'EU-Kommissioun d'Verhandlunge mat de Pharmaentreprisen ofgeschloss huet, gëtt och zu Lëtzebuerg no anere Méiglechkeete gesicht, un zousätzlech Impfdosissen ze kommen.
Eisen Informatiounen no gouf et och schonn direkt Kontakter mat Hiersteller. Esou kéint Lëtzebuerg an den nächste Méint vum Test- zum Impfweltmeeschter ginn.
