
Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser wollt vum Wirtschaftsminister Franz Fayot d'Detailer wëssen.
An der Äntwert op d'parlamentaresch Fro präziséiert den LSAP-Minister, datt 512 Cliente Rechnunge kruten, déi net fir si waren.
586 aner Leit hätten iwwerdeems guer keng Facture kritt, dat hätt d'Post dem Ministère sou matgedeelt.
Dat Ganzt wier op e Problem an der Gestiounssoftware zeréckzefeieren.
Déi richteg Rechnunge goufen entretemps verschéckt an déi concernéiert Clienten hätten och e Bréif kritt, an deem d'Post sech entschëllegt.