Luxembourg City Tourist OfficeIwwer 2.000 Leit beim LCTO tëscht Karfreideg an Ouschterméindeg

RTL Lëtzebuerg
Mam Ouschterweekend war den Optakt vun der Tourismussaison hei am Land.

2.033 Leit hu sech tëscht Karfreiden an Ouschterméindeg am Luxembourg City Tourist Office renseignéiert. An engem Communiqué mellt de LCTO, dass domadder 30 Prozent méi Touristen an de Büro komm sinn, wéi nach 2022.

Déi meeschte Leit waren aus Däitschland, mee och 135 Touristen aus Lëtzebuerg hunn de Wee an den Tourist Office fonnt. Donieft kommen nach eng 100 Visiteuren aus Nordamerika a bal 100 aus Asien.

D’Kasematte waren iwwerdeems fir den Ouschterweekend komplett ausgebucht. Och d’Eemaischen huet vill Leit an d’Haaptstad gezunn.

Back to Top
CIM LOGO