An deem Sënn si Logement, Digitalisatioun, de Brexit souwisou, mä och de Klima wichteg Punkte fir eng CSSF. D'Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur huet e Freideg de Bilan vun 2018 presentéiert.
Fir sech besser den neien Erausfuerderungen um Marché ze stellen, huet d'CSSF iwwert déi lescht 2 Joer 200 néi Mataarbechter engagéiert.
Nieft der neier Aarbechtskraaft gouf awer och an eng nei Immobilière investéiert. „Moonlight“, esou heescht dat neit Gebai, dat en Donneschdeg an der Presence vum Premier Xavier Bettel, dem Finanzminister Pierre Gramegna an der Stater Buergermeeschter Lydie Polfer ageweit gouf.
Virun der Aweiung goufen awer nach Zuelen an Zukunftspläng diskutéiert. De Banken zu Lëtzebuerg, ewéi och op villen anere Plazen, geet et net méi esou gutt ewéi nach viru puer Joer. D'Zuel vu de Finanzinstitutioun fält weider. 135 Banken hat een 2018 nach am Grand-Duché, 4 manner ewéi nach dat Joer virdrun. D'Rentabilitéit vun de Banke geet erof.