Educatiounsminister liwwert ZuelenIwwer 200 Schüler goufen d'lescht Schouljoer aus de Lycéeë verwisen

Roy Grotz
Disziplinarréit kënnen dem Lycéesgesetz no ënnert anerem wéinst Plagiat, Drogendealen, Gewalt oder sexuellem Harcèlement aberuff ginn.
© Jean-Christophe VERHAEGEN

D’lescht Schouljoer goufe knapp 290 Conseils de discipline an de Lycéeën am Land aberuff. 209 Schüler sinn doropshi vun der Schoul verwise ginn. Dës Conseile virum “gréngen Dësch” kënnen dem Lycéesgesetz (Artikel 43, Gesetz aus dem Joer 2004) no aus ganz verschiddene Grënn aberuff ginn. Zum Beispill wéinst dem Droe vu Waffen, dem Besëtz oder Deale mat Drogen, schroe Beleidegungen, Gewalt, Ustiwwelen zu Gewalt, sexuellen oder moraleschen Harcèlement, Klauen, mä och wéinst Plagiat, Ofschreiwen a Fälsche vun Dokumenter.

Aner Grënn, fir en Disziplinar-Conseil beieneen ze ruffen, waren net justifiéiert Absencen an de Coursë vun iwwer 60 Schoulstonne wärend dem Schouljoer, respektiv 3 Schoul-Exklusioune wärend dem Joer.

Dës Prezisioune gëtt den Educatiounsminister Claude Meisch dem ADR-Deputéierte Fred Keup, dee betount huet, datt esou Conseilen och en decisiven Impakt op d’ganz Schoulcommunautéit kënnen hunn.

D’Zuel vun den Disziplinarréit ass an deene leschten dräi Jore liicht an d’Luucht gaangen. 2019 waren et der eng 160, 2020 eng 220 an 2021 ronn 290. D’Zuele vum Schouljoer 2019-2020 mussen allerdéngs relativéiert ginn, well de Presenzunterrecht an de Schoulen dat Joer zäitweis net konnt wéinst der Pandemie ofgehale ginn.

PDF: Äntwert vum Claude Meisch op parl. Fro vum Fred Keup

Back to Top
CIM LOGO