
Vun den 3.704 Tester, déi gemaach goufen, sinn der 1.324 positiv ausgefall.
Aktuell sinn 76 (+4) Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 19 (-1) Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.169.338 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 317,35 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 161,46 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.