
Bei de Porte-ouvertë vun de méi wéi 55 Jugendhaiser uechtert d’Land presentéieren d’Pedagogen den Elteren an de Jugendlecher d’Ariichtunge mat den ugebuedenen Aktivitéiten. Esou kënnen d’Eltere sech e Bild vun der Ëmgéigend maachen, an där sech hir Kanner beweegen, grad ewéi vun der Qualitéit vun de Servicer an Offeren. D’Kanner hunn iwwerdeems d’Méiglechkeet sech iwwer déi sëlleg Aktivitéiten an de Jugendhaiser z’informéieren.
Jugendhaiser bidden e Raum fir d’Entwécklung an d’Autonomie fir jonk Mënschen tëscht 12 a 26 Joer. Si sollen dozou bäidroen, datt Jonker zu aktiven a responsabele Bierger ginn. Dofir bidden d’Lëtzebuerger Jugendhaiser eng divers Offer un Aktivitéiten un, wou sech Jugendlecher ënnerteneen austauschen a bei Aktivitéite matmaache kënnen. Iwwerdeem droe Jugendhaiser mat Ausbildungsméiglechkeete wéi Animateur- oder Babysittercoursen zu der Educatioun vun de Jonke bäi.
Um Site vun de Jugendhaiser Lëtzebuerg (Juha) fannt Dir déi verschidde Jugendhaiser an Ärer Géigend. Allgemeng Informatiounen iwwer d’Jugendhaiser a Lëtzebuerg an hir Servicer ginn et um Site vum Educatiounsministère.