
Kuerz no 21 Auer um Samschdeg den Owend goufen zwou Persounen op der Tramsstatioun op der Stater Gare iwwerfall. Zwee Männer waren op si zoukomm an hunn hinnen hir Handyen aus der Hand gerappt. Wéi déi zwee Affer sech wiere wollten, hunn d’Täter e Messer gezunn an d’Affer menacéiert. Dat huet déi awer net ageschüchtert an esou ass eng Kläpperei lassgaangen, bei där déi zwee rechtméisseg Besëtzer hir Handyen erëmkruten an hir Ugräifer an d’Flucht schloe konnten. Ma obwuel si hir Smartphonen erëmkruten, war et bei der Ausernanersetzung engem vun den Täter gelongen, e Portmonnie ze klauen, dofir hate si awer eent vun de Messeren zeréckgelooss. Dëst gouf vun der Police saiséiert. Weider heescht et am Bulletin, datt d’Affer keng schwéier Blessuren dovugedroen hunn.
D’Police beschreift déi zwee Täter esou: “Täter 1: Männlich. Zirka 30 Jahre alt. Dunkelhäutig. Bekleidet mit einem roten Oberteil und einer dunklen Hose. Täter 2: Männlich. Zirka 30 Jahre alt. Dunkelhäutig. Dunkel bekleidet.”
Agebrach gouf dann no 4 Auer an e Café op der Place St. Pierre et Paul an der Stad. Eng Fënster gouf vun zwee Männer ageschloen an eng Dier beschiedegt. Béid hu sech zwar hannert dem Comptoire ëmgekuckt, awer näischt geklaut. Geflücht si si zu Hannerdier eraus. Da mellt d’Police nach Abréch an Haiser oder Wunnengen, datt zu Zolwer, zwee Mol zu Suessem an zwee Mol an der Stad.
En Accident mat engem Blesséierte gouf et kuerz virun 20 Auer e Samschdeg an der Arelerstrooss vun Uewerpallen a Richtung Biekerech. Eng Automobilistin ass aus nach ongekläerte Grënn an de Gruef geroden, huet d’Kontroll iwwert hiert d’Gefier verluer an ass op der anerer Säit vun der Strooss an e Bam gerannt. Si gouf ageklemmt an huet misste vun de Rettungsekippe befreit ginn. Si koum an d’Spidol.
Véier Automobilisten oder Automobilistinnen hunn dann hire Permis verluer, well si virum Fueren ze déif an d’Glas gekuckt haten. Passéiert war dëst zu Chrëschtnech, an der Stad, zu Méischdref bei Rouspert an um Kierchbierg.