
Am Kader vun dësem Iwwerfall an der Sich no den Täter, huet d'Police e Freideg de Moien e Phantombild vum Haapttäter publizéiert. Op en Neits gëtt Bevëlkerung opgeruff, falls si Informatiounen zum Iwwerfall oder d'Persoun um Bild erkennen, sech bei der Police um 113 ze mellen.
Geschitt ass dat Ganzt géint 10.45 Auer, wéi 3 onbekannte Männer mat Messeren arméiert d'Fra bei sech doheem iwwerfall hunn.
D'Täter haten un der Hausdier geschellt, wéi dunn opgemaach gouf, hu si d'Fra ënnert hir Kontroll geholl, se menacéiert an hir d'Bankkaart wéi och Bijouen ofgeholl. Doropshi sinn déi onbekannten Täter fortgelaf.

Hei eng Täterbeschreiwung vun de Persounen déi fortgelaf sinn. D'Männer haten alleguerte Kleeder vu Bauaarbechter un:
1) Mann, mëttel-grouss a vu bëssi méi schwéierer Statur. D'Persoun hat e Brëll un, e wäissen Helm an en orange Gilet
2) Mann, ronn 1,80 Meter grouss, dënn Statur. D'Persoun hat e wäissen Helm, en orange Gilet, engem schwaarzen Hiem oder T-Shirt an enger schwaarzer Box bekleet.
3) Mann, ronn 1,80 Meter grouss, schlank Statur. Hie war donkel gekleet an hat Sportschong un.
All Informatioun ass natierlech fir d'Police, dat um 113.
