ZeienopruffIwwerfall op Pompelstatioun zu Rëmeleng - Täter op der Flucht

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend géint 21.45 Auer hunn 2 maskéiert Männer eng Bensinsstatioun an der Rue des Martyrs zu Rëmeleng iwwerfall.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéi d'Police op Facebook schreift, hätte se d'Personal mat enger Schosswaff menacéiert a Suen aus der Keess matgoe gelooss. Si hu sech ze Fouss duerch d'Bascht gemaach. Kee gouf beim Virfall blesséiert.

Gesicht gëtt no zwou männleche Persounen:

- Bei engem Täter dréit et sech em e Mann mat donkeler Hautfaarf an tëscht 1,80m an 1,85m grouss. Hien hat e schwaarze Pullover vun Adidas, eng schwaarz Box a schwaarz Turnschong mat wäisse Stréckelen un.

- Bei deem 2. Täter dréit et sech em e Mann mat donkeler Hautfaarf, ca. 1,70m grouss. Och hien hat e schwaarze Pullover vun Adidas, eng schwaarz Box a schwaarz Turnschong mat wäisse Stréckelen un, dobäi och nach schwaarz Liedershändschen.

Géint Hallefnuecht war et deen Ament den Opruff vun der Police keng Passante matzehuelen an all Informatiounen zu den Täter oder zum Iwwerfall ze melle bei der Police zu Esch um Telefon: 244 50 1000.

Back to Top
CIM LOGO