3 jonk Männer gepëtzt, 1 dovu festgehollIwwerfall um Boulevard Royal, Mann krut Handy geklaut
RTL Lëtzebuerg
D'Täter waren dräi jonk Männer. Si hunn op d'Affer gespaut a sech mam Telefon duerch d'Bascht gemaach.
Update: 09.12.2025 17:09
Dräi Verdächteger konnte méi spéit vun der Police gepëtzt ginn. Zwee vun hinne si mannerjäreg. Dee groussjärege Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.