Stater MaartIwwergangsléisung um Aldringer ass allgemeng akzeptéiert

RTL Lëtzebuerg
Wéinst Bauaarbechten plënnert de Stater Maart vum 13. Januar un op a ronderëm den Aldringer.
Stater Maart
Wéinst Bauaarbechte plënnert de Stater Maart vum 13. Januar un op a ronderëm den Aldringer.

Dës Aarbechte wäerte bis Fréijoer 2023 daueren.

D’Iwwergangsléisung gëtt esouwuel vun den Commerçanten ewéi och vun de Clienten akzeptéiert. De Maartverband betount dat den Aldringer déi beschte Léisung ass wéinst der zentraler Positioun.

De Jeff Burg baut säi Stand elo schonn zënter Joren um Knuedler, am Häerz vun der Haaptstad, op. Vum 13. Januar un ännert sech dat awer.

D’Bauaarbechten dauere bis Fréijoer 2023. Da plënnert de Maart nees zréck op de Knuedler, verséchert Gemeng. D’Commerçanten akzeptéieren d'Decisioun, well eben d’Plaz muss renovéiert ginn.

Vun nächster Woch u fanne Mäert all Mëttwoch a Samschden um Aldringer statt. Eng 40 Commerçante solle mat hire Stänn op a ronderëm Plaz stoen. Vill Visiteure vum Maart fannen d’Iwwergangsléisung eng gutt Saach.

Trotz der Corona-Pandemie war d’Stëmmung um Maart gutt, och wann alles méi ongewéinlech ass ewéi soss. Et gëlle strikt sanitär Mesuren. Zum Beispill sti virun de Stänn op der Plaz eenzel Cloturen an Leit mussen sech un Ofstandreegelen halen. Trotz der sanitärer Kris war 2020 e positiivt Joer fir de Secteur.

Mat deem neie Standuert wënsche sech d’Commerçanten, datt weiderhin vill Leit op de Stater Maart kommen.

Back to Top
CIM LOGO