BMI-WäertIwwergewiichteg Leit mat enger Corona-Infektioun: Wat seet den Expert?

Lynn Cruchten
E schwéiere Verlaf vun enger Covid-Erkrankung gëtt dacks mat Iwwergewiicht a Relatioun bruecht.
Iwwergewiichteg Leit mat enger Corona-Infektioun
E schwéiere Verlaf vun enger Covid- Erkrankung gëtt dacks mat Iwwergewiicht a Relatioun bruecht.

Ass et effektiv esou, datt méi iwwergewiichteg Leit duerch eng Corona-Infektioun intensiv musse betreit ginn oder souguer dru stierwen? D'Lynn Cruchten huet sech bei engem Expert iwwer de sougenannte BMI-Wäert a Relatioun mat Virus-Erkrankungen informéiert.

Ville Patienten, déi e schwéiere Covid-Verlaf haten oder souguer un, respektiv mam Coronavirus gestuerwe sinn, gouf nogesot, se wieren ze déck gewiescht. Effektiv gëlle Leit mat Iwwergewiicht jo als méi vulnerabel. Net nëmme riskéiert een duerch Obesitéit Problemer mat Bluttdrock oder Diabetis ze kréien, mä och a Relatioun mam Coronavirus schéngen ze vill Kiloe sech negativ auszewierken. D’Dokter Thérèse Staub, Infektiologin am CHL, erkläert.

"On sait que les gens qui sont obèses sont plus malades que les gens qui ont un poids normal. Ils ont une forme grave plus souvent. Ils sont plus souvent hospitalisés et on sait aussi qu'il y a plus de décès parmi les gens obèses. On sait que les gens qui ont une obésité importante ont toujours une petite inflammation chronique. Et ça pourrait favoriser des formes graves du virus. Et ensuite il y a des formes mécaniques, parce que si vous avez une obésité importante, en particulier abdominal, vous n'allez pas bien pouvoir respirer. C'est par exemple le cas quand les gens sont hospitalisés en réanimation. Ils peuvent pas bien ventiler les gens qui sont très obèses."

Ob eng Persoun Iwwergewiicht huet, léisst sech iwwert de Body Mass Index, kuerz BMI, berechnen. Bei engem BMI tëscht 25 an 30 gëllt een als liicht ze schwéier. Vun engem Wäert iwwer 30 u schwätzt ee vun Obesitéit. Weltwäit hätt den Undeel un iwwergewiichtege Leit iwwert déi lescht Joren zougeholl. Eng gesond an equilibréiert Ernierung wier wichteg, fir onnéideg Kiloen ze verhënneren an de Risiko, gewësse Krankheeten ze kréien, ze reduzéieren. Allerdéngs géifen och Persoune mat Normal- oder Ënnergewiicht net verschount bleiwe vun engem méi uerge Covid-Verlaf, sou nach d’Dokter Staub. Vun de 4 Covid-Patienten, déi en Donneschdeg am CHL op Intensivstatioun louchen, war zum Beispill keen ze déck.

Back to Top
CIM LOGO