Alkohol- an Drogentest positivIwwerholl, Gruef a Bam ze pake kritt an a Baach gelant

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et e Méindeg den Owend géint 22.30 Auer tëscht Chrëschtnech a Konsdref zu engem Accident.
© RTL Archivbild

Eng Automobilistin hat d'Kontroll iwwert hire Won verluer, nodeems si een Auto iwwerholl hat. Si ass fir d'éischt an de Gruef geroden, krut ee Bam ze paken a koum e puer Meter méi wäit an enger Baach un d'Halen.

D'Fra huet missen an d'Spidol, gouf awer, wéi d'Police präziséiert, net schro blesséiert. Um Auto ass en Totalschued entstan.

Den Alkohol- an Drogentest ware positiv. D'Automobilistin krut e provisorescht Fuerverbuet a krut hire Permis ewech geholl.

Back to Top
CIM LOGO