Pirate wëlle se mat an d'Boot huelenIwwerséi-Lëtzebuerger an Zukunft bei der Police?

RTL Lëtzebuerg
D’Pirate si fir méi eng staark national Police an halen näischt vun enger Kommunalpolice.

Dat wären éischter Muechtfantasië vun eenzele Buergermeeschter, amplaz datt et dem Land géif weiderhëllefen.

D’Police misst also gestäerkt ginn an do misst een och kreativ denken, sot de Sven Clement am RTL-Interview.

Et misst ee senger Meenung no d’Police net onbedéngt opmaache fir Net-Lëtzebuerger, mä all Lëtzebuerger huelen, déi ee kéint fannen. Un nei Poole wär nach net geduecht ginn, un Iwwerséi-Lëtzebuerger aus Brasilien oder den USA zum Beispill. Déi wäre sécherlech interesséiert an natierlech misst an d’Sproochenausblidung investéiert ginn.

Interview mam Sven Clement zu den Nationalwalen / Reportage Anne Wolff

Back to Top
CIM LOGO