"Dir hutt d'Wuert" am ReplayIwwert de Coronavirus - Är Froen un den Dr. Jean-Claude Schmit

Pit Everling
E Freideg de Moie konnt Dir eis live op RTL Radio Lëtzebuerg Är Meenung soen an Är Froe stellen.
Dir hutt d'Wuert - De Replay vun der ganzer Emissioun
Thema war de Coronavirus. Den Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé stoung Ried an Äntwert.

Déi zweet Well huet Europa an och Lëtzebuerg fest am Grëff. Och no méi wéi engem hallwe Joer Pandemie bleiwe vill Froen. Dir kënnt se dem Expert stellen, dem Direkter vun der Santé.

Wéi kann ee sech virun enger Infektioun schützen? Wéi ass d'Situatioun an de Klinicken? Wéi eng sanitär Mesurë sinn adequat? Dat ware just e puer vun de Froen.

Dir hutt d'Wuert - De Replay vun der ganzer Emissioun

Et sinn immens vill Froen erakomm, mir bieden ëm Versteesdemech, dass mer se net all wärend der Emissioun stelle konnten.

LINK: De Livestream vum Radio

Back to Top
CIM LOGO