
D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Méindeg enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg an e Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg ass eng Persoun um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 837.
Bannent de leschten 72 Stonne goufe 4.805 Tester gemaach, dovunner waren der 178 positiv. Dräi nei Fäll bei 248 Tester goufen e Sonndeg gemellt.
Den Ament si 19 Persounen hospitaliséiert, dovunner dräi Patienten op der Intensivstatioun.
Aktuell ginn et 1.200 aktiv Infektiounen, 77.159 Persoune gëllen als geheelt.
Am Ganze gouf bis ewell 793.090 Impfunge genotzt, 409.576 Leit gëllen als komplett vaccinéiert.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,99. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.