
D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Méindeg enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg an e Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele méi matdeelt.
An de leschten Deeg ass eng Persoun um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 bei 821.
Bannent de leschten 72 Stonne goufen 18.272 Tester gemaach, dovunner waren der 224 positiv. 133 nei Fäll goufen e Freideg registréiert, 84 e Samschdeg an 7 e Sonndeg. De Positivitéitstaux läit bei 1,22%.
Den Ament sinn 13 Persounen hospitaliséiert. Op der Intensivstatioun leien dovunner 5 Persounen.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 1.497 aktiv Infektiounen. 70.667 Leit gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,88. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.