
D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Méindeg enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg an e Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg ass keng Persoun um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 839.
Bannent de leschten 72 Stonne goufe 5.770 Tester gemaach, dovunner waren der 262 positiv. 17 nei Fäll bei 278 Tester goufen e Sonndeg gemellt, e Samschdeg waren et der 111 an e Freideg 134.
Den Ament si 18 Persounen hospitaliséiert, dovunner siwe Patienten op der Intensivstatioun.
Aktuell ginn et 1.397 aktiv Infektiounen, 77.746 Persoune gëllen als geheelt.
Am Ganze gouf bis ewell 798.373 Impfunge genotzt, 412.411 Leit gëllen als komplett vaccinéiert.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,12. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.