
D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Dënschdeg enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg, Sonndeg, an e Méindeg dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg si 5 Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 848.
Bannent de leschte 96 Stonne gouf et 409 positiv Fäll bei 7.326 Tester gemaach. 18 nei Fäll goufen e Sonndeg gemellt, e Samschdeg waren et der 163, e Freideg 217 positiv Fäll a e Méindeg goufen et 11 positiv Fäll bei 439 Tester.
Den Ament sinn 38 Persounen hospitaliséiert, dovunner 12 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 817.070 Impf-Dosisse genotzt. E Méindeg krut keng Persoun eng 1. Dosis gesprëtzt, fir dräi Persoune war et déi 2. Impfung. 422.990 Awunner gëllen als komplett geimpft.
Aktuell ginn et 2.035 aktiv Infektiounen, 79.209 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.