
No ville Gedanken a Gespréicher hunn ech decidéiert, driwwer ze schreiwen.
Fänke mer awer vu vir un: Wéi am Juli 2015 de Puppelchen zu Péiteng als vermësst gemellt gouf, war ech nach net laang Journalist. Zanterhier huet mech de Fall vill beschäftegt an trotz deene wéinegen Elementer, déi bekannt waren, hunn eng Rei Journalisten aus eiser Redaktioun ëmmer nees versicht, méi Liicht an dësen trageschen an düstere Fall ze bréngen.
Mat enger Schlësselpersoun hu mer ëmmer nees versicht Kontakt opzehuelen. Den deemolege Partner vum S.B., dee nach bis haut mat hir an engem Appartement zu Péiteng lieft. (No 14 Méint koum dem Bianka seng Mamm, ënner Oplagen, aus der Untersuchungshaft.)
Den 13. Juni 2022, zwee Deeg virum 7. Gebuertsdag vum Bianka, hunn ech eng weider Kéier versicht, un de Mann ze kommen. Onerwaart krut ech folgende Message: “Kommt bis op Péiteng, sinn dann op der Gare.” Eng Geleeënheet, op déi ech laang gewaart hunn. Zu Péiteng ukomm, hunn ech de Mann direkt erkannt, hat ech hie schonn op Fotoe gesinn. Laang hu mir an engem Bistro mateneen diskutéiert, ëmmer nees huet hie behaapt, hie wéisst vun näischt. E wéisst net, ob d’Bianka nach lieft a wou et, am Fall wou, kéint sinn. Op eemol sot hien: “Wëlls de seng Mamm gesinn?”
Kuerz drop souz ech an engem klengen Appartement. Bis dohi wousst ech net, datt d’S.B. nach bei him wunnt. De Papp vum Bianka ass hien net, wou d’S.B. bis schwanger war, ware si keng Koppel méi.
Et huet net laang gedauert a si ass komm. Ech hat nëmmen eemol eng Foto gesinn, wou een eng Persoun nëmme ganz schlecht erkannt huet. Si ass Enn 30, gezeechent vum Liewen an huet deen Dag staark alkoholiséiert an drogéiert gewierkt. Direkt hunn ech mech als Journalist ausginn a gesot, ech géif gär mat hir iwwert d’Bianka schwätzen. D’S.B. huet mech gefrot: “Firwat interesséiert dech iwwerhaapt d’Bianka?”
D’Fro, déi ech mir zanter Jore stellen: “Wou ass d’Bianka? A lieft et nach?”. Wärend dem Prozess, deen Enn 2022 war an ofgeschloss gouf, ass kloer ginn, datt trotz ganz intensiven Enquêten näischt drop hiweise géif, datt d’Bianka nach lieft. Dat Treffen, vun deem ech hei schreiwen, war nach virum Prozess. Schonn deemools sot si mir, dat wier hir egal, se géif net op d’Geriicht goen a sech och net vun engem Affekot vertriede loossen.
E bëssen emotional gouf d’S.B., wéi ech no de Siche ronderëm d’Weieren zu Lénger gefrot hunn. Iwwert déi ganz Aktiounen huet si sech lëschteg gemaach. Si hätt dat ganzt ni verstanen. Datt se mam Bianka bei de Weiere war, huet si zouginn. An enger Ruin gouf och DNA vum Puppelchen nogewisen, do wier se reegelméisseg gewiescht. D’Fro, ob se dem Bianka do eppes ugedoen huet, wollt si net beäntweren.

Iwwert eng Stonn hunn ech mat hir geschwat. D’Fro “lieft d’Bianka nach?” hunn ech ëmmer nees gestallt. Mol sot si, et wier bei enger Frëndin net wäit ewech. Wéi ech du sot, ma da komm, mir ginn dohin, da gesinn ech et, sot d’S.B.: “Wann s du no em frees, ass et net méi do.”
D’Diskussioun huet ëmmer nees am Krees gedréint. Si hätt dat alles gemaach, fir ze verhënneren, datt e weidert vun hire Kanner an e Foyer kënnt. Wat si gemaach huet, sot si net. Sätz wéi, “Eent ass sécher, et wäert kee méi d’Bianka gesinn”, si gefall. Och do ass op Nofro näischt Konkretes komm. Fir mech ass vun deem ganzen Hin an Hier nëmmen eppes hänke bliwwen: Et wäert wuel kee méi d’Kand gesinn.
De Parquet geet dovun aus, datt d’Kand net méi lieft a fuerdert 15 Joer Prisong fir d’Mamm. De Prozess huet zwou Woche gedauert. Eng Läich gëtt et net an nëmme wéineg konkret Elementer. De Proprietär vum Appartement sot mir, datt bis haut nach Post fir d’Bianka an d’Boîte kënnt. Wärend dem Prozess ass kloer ginn, datt d’Leit aus dem Ëmfeld vun der Fra scho méi fréi gemierkt hunn, datt d’Bianka net gutt versuergt wier.