Prozess wéinst Opruff zum Haass“Je suis un homme de Gauche!” esou de Gaston Vogel wärend der Audienz

RTL Lëtzebuerg
Den Affekot Gaston Vogel, e Journalist vum Journal an d'Clt-Ufa si wéinst Opruff zum Haass op der Uklobänk.
Prozess wéinst Opruff zum Haass
Nieft dem Maître Gaston Vogel war e Journalist vum Journal an d'CLT-Ufa mat ugeklot.

Viru 6 Joer hat de Gaston Vogel an engem oppene Bréif d'Stater Gemeng opgeruff, eppes géint presuméiert organiséiert rumänesch Heescherten z'ënnerhuelen. De Prozess wéinst Diskriminéierung an Opruff zum Haass an zu rassistescher an ethnescher Gewalt géint de Gaston Vogel, e fréiere Journalist vum Journal an Clt-Ufa ass e Freideg ugaangen.

Am oppene Bréif hat den Affekot Gaston Vogel d’Heescherten ënnert anerem als „degueulasse“ a „Racaille“ bezeechent. No grousser Kritik vu Säite vun der Zivilgesellschaft a vun der rumänescher Ambassade huet de Gaston Vogel all Zort Xenophobie vu sech gewisen. Hien huet awer seng Vulgaritéit zouginn, mä hie sot och, hie géing dozou stoen, well hien nëmmen esou hätt kënnen eppes bewierken.

De Parquet huet no der Publikatioun vum Bréif an engem Communiqué geschriwwen, d'Meenungsfräiheet ass e Grondrecht, mä et wier selbstverständlech, datt dës Fräiheet Limitten huet. Eréischt no enger Plainte vun der Ligue des droits de l’homme krut d'Affär Suitten. E fréiere Journalist vum Journal an d'Clt-Ufa sinn och op der Uklobänk, well si de Bréif vum Gaston Vogel diffuséiert hunn.

“Je suis un homme de Gauche!”, huet de Gaston Vogel wärend der Audienz gejaut. Hien huet op säin Engagement fir Sinti a Roma a géint Antisemitismus higewisen a sot, déi richteg Affer wieren déi, déi vun organiséierte Banden ausgebeut ginn. Amplaz op d’Fro anzegoen, ob de Bréif elo en Opruff zum Haass wier oder net, gouf um Prozess bal nëmmen iwwert d’organiséiert Heescherei geschwat.

D’Zeien, d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer an de Stater Schäffe Laurent Mosar, hunn dem Gaston Vogel, wat de Fong ugeet, Recht ginn. Béid sote souguer, d’Situatioun wier “net besser”.

Eng weider Audienz ass fir de 15. Oktober virgesinn.

© François Aulner / RTL

Back to Top
CIM LOGO