
Virop war awer emol den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf als neie Member an där Ronn begréisst ginn. Hien huet d'Mandat vum fréiere Schierener Buergermeeschter André Schmit iwwerholl.
Mä zréck bei d'Suen: De President vum Syndikat vun de Stied a Gemengen huet an der Diskussioun iwwert de Staatsbudget eng Circulaire ugeschwat, déi d'Gemengen dëser Deeg kruten. Dora steet, dass déi 2021 eppes méi wéi 75 Milliounen Euro manner géife verléieren.
Wat deemno engem Minus vun nach 341 Millioune géif entspriechen, sou den Emile Eicher. Well bis 2023 awer all Joer iwwer 300 Millioune manner fléisse géife wéi virgesinn, hätt een dee Moment 1,3 Milliarde manner.
"Mir hunn déi Mesuren, déi d'Regierung ugekënnegt huet, och mat appreciéiert, a jiddefalls emol dat, dass mer 5% méi kréien, vu 35 op 40%, eng Hausse kréie vun de Subventiounen, déi den Interieur un eis verdeelt."
Verschidde Gemengen hätten awer méi Problemer wéi anerer, dofir sollten, sou de Syvicol-President, d'Subventiounen ugepasst an dës ënnert anerem net ofhängeg gemaach gi vun der finanzieller Situatioun vun de Gemengen. Déi missten zum Beispill och beim Bau vun enger Kläranlag net nëmme léine goen, mä och en Amortissement virgesinn.
"An Zäiten, wou d'Gemenge keng Liquiditéiten hunn, mengen ech, wär et awer sënnvoll, driwwer ze diskutéieren, op d'mannst déi Amortissementer elo emol auszesetzen, wärend där Phas, wärend deenen nächste puer Joren, wou mer wierklech eis Sue selwer brauchen. Well déi Suen, déi mer op d'Amortissementer setzen, déi kommen dann op Konten, op Banken, wou mer negativ Zënse kréien, dat heescht op där enger Säit feelen eis d'Suen, op där anerer Säit gi se eis och nach futti."
Donieft wär och bei der Informatik fir d'Schoulen eng immens Hausse vun de Käschten ze notéieren.
"Och fir ze verhënneren, dass et zu gréisseren Ënnerscheeder kënnt tëscht Gemengen an tëscht Klassen, géife mer eis wënschen, dass de Staat - oder de Ministère an deem Fall - sech deem Investissement selwer géif unhuelen, dass mer domat géifen och garantéieren, dass all Kand am Land, egal a wat fir enger Gemeng dat ass, dat selwecht Material kéint benotzen an net ausgeschloss géif ginn."
An deem Kontext hat een e Méindeg de Moien eng Diskussioun mam nächste Budgetsrapporter François Benoy. De Syndikat vun de Stied a Gemengen huet den Deputéierte vun déi Gréng dobäi gefrot, d'Iddie vum Syvicol a sengem Rapport ze consideréieren.