CGDISJeeweils ee Blesséierte bei zwee Accidenter am Laf vun e Sonndegmoien

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 11 Auer gouf et fir d'Rettungeskippe vum CGDIS en Asaz op der RN12 tëschent Koplescht an Dondel.

Eng Persoun ass hei bei engem Autosaccident verwonnt ginn, d’Secouriste vu Kielen, Mamer an aus der Stad u sech ëm se gekëmmert.

Kuerz duerno, um 11.18 Auer waren en Auto an e Motorrad op der RN23 tëschent dem Kimm a Rombech aneneegerannt. Och hei ass eng Persoun blesséiert ginn. D’Rettungsdéngschter vu Rammerech an Ettelbréck waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO