CGDISJeeweils ee Blesséierten no zwee Motorradsaccidenter e Mëttwoch de Moien

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vun e Mëttwochmoie sinn zwou Persoune bei Motorradsaccidenter blesséiert ginn.

Um 9:40 Auer sinn op der N33 tëschent dem Keeler Poteau a Rëmeleng en Auto an e Motorrad aneneegerannt, dobäi ass de Motocyclist blesséiert ginn. Hie koum an d'Spidol. Nieft de Secouriste vu Keel a Rëmeleng war och de Rettungshelikopter op der Plaz.

E weidere blesséierte gouf et e puer Stonne virdrun, dës Kéier zu Iechternach an der Industriezon. Och hei hat e Motocyclist eng Chute a gouf blesséiert. Déi lokal Rettungsekippe vun Iechternach waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO