D'Peegelstänn op engem Bou aus dem Joer 1856 weisen et kloer: Sou héich wéi virun engem Mount stoung d'Sauer nach ni an de Stroosse vu Steenem. "D'Haus ass vu 1796. Mir kennen d'Proprietäre vu virdru ganz gutt. Am Haus selwer war nach ni Waasser. Dës Kéier stoung et 3 Zentimeter héich," sou d'Nadja Burdot, déi zanter 18 Joer an der Duerfstrooss wunnt. Si ass kuerz nom leschte groussen Héichwaasser am Januar 2003 op Steenem geplënnert.
Datt d'Sauer grad am Summer all Rekorder brieche géif, hat kee geduecht. Den Ament, wéi et an der Nuecht vum 14. op de 15. Juli geheescht huet, d'Haus evakuéieren, gouf d'Famill Burdot gespléckt. De Familljepapp huet seng Fra an déi 4 Kanner am Camper, hallwer 3 bei de Centre Culturel gefouert, fir datt d'Kanner schlofe kéinten.
D'Nadja Burdot erënnert sech: "Moies géint 7 oder 7.30 Auer huet de Papp vu Frënn vum Meedchen de Camper nach méi héich gefouert, well mer net sécher waren, ob net och do nach Waasser kéim."
Wéi d'Mamm an déi 4 Kanner a Sécherheet bruecht goufen, blouf de Papp eleng zeréck am Haus. Et sollt eng laang Nuecht ginn.
"Ech hunn den Niveau vum Waasser beobacht, wéi e geklommen ass. Wéi ech gemierkt hunn, d'Waasser kënnt awer eran, wou d'Waasser nach ni war, dunn hunn ech probéiert, d'Saachen ze retten. Bicher, Miwwelen, elektresch Apparater... ", erënnert sech den Yves Burdot.
De Bléck op d'Fotoen, déi de 15. Juli moies gréisstendeels fir d'Assurance gemaach goufen, erwächt Erënnerungen: "Moies hunn d'Leit eis Kaffi bruecht. Eis Mëllech era ginn. D'Noperen... Iwwerall ware se immens solidaresch."
Eng Solidaritéit net just ënner Noperen. D'Pompjeeën an d'Baueren aus der Géigend hu munches beweegt. Eng Solidaritéit, déi och déi Deeg duerno net ofgeholl huet. Friem Leit hunn eng Hand mat ugepaakt.
"Hei ass en Trockner fir d'Wäsch. Deen hu mer vun enger Famill vun Dummeldeng kritt. Einfach geschéngt. Geliwwert vum Här, hei hin op Steenem", erzielt den Yves Burdot.
D'Famill war eréischt viru Kuerzem aus dem méi alen Nopeschhaus an dat frësch renovéiert geplënnert. Spontan gouf dofir decidéiert, déi al Wunneng just niewendrun u Leit aus deem nach méi betraffene Bur zur Verfügung ze stellen.
"Elo ass eng Famill mat 3 Kanner, déi dervu profitéiere kann. Mir stellen dat elo zur Verfügung bis datt si eng Léisung fir hiert Haus fonnt hunn, dat staark vun den Iwwerschwemmunge betraff ass", sou d'Nadja Burdot.
Haiser ouni Heizung, ouni waarm Waasser. Normaliséiert huet sech d'Liewe laanscht d'Sauer nach net. Ma deen ee stäipt deen aneren. Mat dacks klenge Gesten, déi gutt dinn.