PloggingJogge géint Verknaschtung

Tim Morizet
Ploggen - Dat ass eng Kombinatioun aus Joggen a Plocka, dem schwedesche Wuert fir “sammelen, ophiewen”.
Jogge géint Verknaschtung
Ploggen - Dat ass eng Kombinatioun aus Joggen a Plocka, dem schwedesche Wuert fir “sammelen, ophiewen”.

Joggen an Offall asammelen. Lëschteg. Geselleg. Wien d’Wuert “Plogging” op de soziale Reseaue sicht, fënnt Honnerte vu Biller aus der ganzer Welt: den USA, Frankräich, Indien, ma och vu Péiteng. Scho fir déi 20. Kéier trefft ee sech hei op engem Sonndeg, fir net just eppes fir déi eege Fitness ze maachen.

Zanter 2020 heescht zu Péiteng: ploggen, ploggen, ploggen. Eng nei Traditioun, déi wärend der Pandemie eng Rei Begeeschterter ugezunn huet. D‘Iddie koum 2017. De Plogging-Event gouf vun der Gemeng Péiteng organiséiert. De Patrick Arendt, Péitenger Gemenge-Conseiller a Responsabele fir de Projet: “All éischte Sonndeg am Mount organiséiere mer ee Plogging. Et ass ëmmer alternéiert. Et ass ëmmer Rodange, Lamadeleine, Péiteng. An et ass virun allem ëmmer en anere Wee. Et ass wichteg, datt ëmmer verschidde Strecke gemaach ginn, datt den Terrain dee mer botzen esou grouss ewéi méiglech ass.”

Plogger organiséiere sech selwer iwwert d’Gemeng. A via Sozial Medien. Hëllef kënnt och vun de lokale Veräiner. Trotz groem Himmel hate sech fir dës Editioun knapp 50 Leit versammelt. Den David Alves, e fräiwëllege Plogger: “Et gesäit een, wa mer hei ronderëm trëppelen, datt et net iwwerall ëmmer ganz propper ass. Mir trëppelen och léiwer laanscht e propperen Trottoire oder duerch e proppere Bësch. Ech gi vill mat mengem Hond trëppelen, Hänn friesse gären allméigleche Knascht. Wann dann och nach Plastik ronderëm läit”

Mat Händschen, Vesten a Poubellestuten gëtt iwwer 2 bis 8 Kilometer duerch Péiteng getrëppelt oder gelaf. Déi kleng Gruppe fanne séier, wat se sichen: Stëpp, Stréihällem, Béchse, Fläsche, Batterien an ëmmer nees Reschter vun der Zigarette.

Villes lant nieft der Poubelle, net dran. Anscheinend och futtis Trottinetten. De Patrick Arendt: “Et ass effektiv schonn e bësse ustrengend. Wann ech elo normal lafe ginn, da bécken ech mech jo net déi ganzen Zäiten. Mee virun allem bei den Zigarettestëmp… dat ass den absolutte Wansinn. Net just hei zu Péiteng. Do béckt ee sech dann eng Kéier, fir just eng eenzel Zigarett. An direkt hannendru läit déi Zweet.“

Passante kucke verwonnert no. Déi Fräiwëlleg an Orange ginn appreciéiert, fënnt och de Lucien Elvinger, President vum RBUAP, dem Déifferdenger a Péitenger Liichtathletik Veräin: “D‘Leit fannen dat u sech eng flott Initiativ. Mir kréie generell ganz positiv Kommentaren, wa mir ënnerwee sinn.“

No enger gudder Stonn um Tour gëtt sech nees getraff. Knapp 2.000 Zigaretten an eng Dose Poubellestute koumen zesummen a goufe recycléiert.

No Patt a Wupp heescht et dann “Au revoir“ bis an engem Mount.

Back to Top
CIM LOGO