Trageschen AccidentJong vu 14 Joer stierft tëscht Lëlz an Eschduerf

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun 19 Auer e Samschdeg den Owend koum et tëscht Lëlz an Eschduerf zu engem trageschen Accident.
© Domingos Oliveira / RTL

An Automobilist war an enger Lénkskéier vun der Spuer ofkomm, huet riets d’Leitplanken touchéiert an ass doropshin an e Bam gerannt. Vun de 5 Passagéier goufen der 4 liicht blesséiert. E Jong vu 14 Joer ass nach op der Plaz u senge schwéiere Blessure gestuerwen.

Déi Blesséiert goufe vun de Secouriste versuergt a koumen fir eng Kontroll an d’Spidol. D’Streck war fir den Asaz gespaart.

Op Uerder vum Parquet ënnersicht de Miess- an Erkennungsdéngscht déi genee Ursaach vum trageschen Accident.

De CGDIS mellt, dass de Rettungshelikopter hei och am Asaz war.

Back to Top
CIM LOGO