Déi meescht Leit ginn an de Bësch, fir ofzeschalten, wat dem Geescht an der Séil guttdeet. Dann awer liest een op eemol esou eppes: D’Police freet no Zeien, jonk Beem geklaut. Tëscht dem 10 .an dem 15. Februar goufe laanscht d’National 12 tëschent Bidscht a Wolz grouss Quantitéiten u jonke Bichen an Eechen aus engem Bësch geklaut.
Dës Beemercher ware prett, fir geplanzt ze ginn, louchen niewent dem Bësch, a goufen awer virdrun vun engem Onbekannten geklaut. Wat dierf een hei zu Lëtzebuerg an eise Bëscher, a wat net? Wie këmmert sech hei am Grand-Duché drëms, dass ëmmer genuch Beem am Bësch sinn? Vu wou kommen déi nei Beem, déi no geplanzt ginn, a firwat sicht d’Police nach ëmmer no Zeien? Mir hunn op all dës Froen eng Äntwert fonnt.