
Si wéilten am léifsten d’Bierger no hirer Meenung froen. An engem Referendum. Doriwwer, ob d’Matbierger léiwer bei der Monarchie constitutionnelle, wéi mir se de Moment zu Lëtzebuerg hunn, bleiwen oder ob d’Leit léiwer eng Republik hätten. Dat schreiwen déi jonk Sozialisten an engem Communiqué. Hirer Meenung no missten déi ëffentlech an privat Finanze vum groussherzoglechen Haff kloer vunenee getrennt sinn an d’Privatverméigen transparent besteiert ginn. Wéi et am Schreiwes vun de Jonke Sozialisten weider heescht, wéilt ee Persounen net opgrond vun hire "privilegiéierten Originne limitéieren, nach hir Fräiheet an d'Recht op Selbstbestëmmung beanträchtegen". Dofir wier d'Monarchie mat de moderne Wäerter an deem wat een ënnert Demokratie versteet net compatibel.