
De Chauffer war stoe bliwwen, fir nom jonke Foussgänger ze kucken. Et koum dann och zu engem Gespréich tëscht béide Bedeelegten an deen Ament war een och dovun ausgaangen, dass de Foussgänger net verwonnt gouf.
De Chauffer ass duerno weidergefuer, ouni awer seng Kontaktdonnéeën ze hannerloossen.
De Mann huet franséisch geschwat a wier esou ëm 45 Joer al, heescht et vun der Police. En hat schwaarz kuerz Hoer an en 3-Tage-Baart. E war an engem donkelbloen Auto ënnerwee.
Den Automobilist soll sech w.e.g. bei der Police mellen, respektiv Leit, déi nëtzlech Informatiounen zum Accident hunn. D’Telefonsnummer ass an dësem Fall den +352 244 53 1000 oder d’Email police.differdange@police.etat.lu.