
E jonke Mann gouf hei vun 2 onbekannte Männer attackéiert. D'Täter hunn d'Affer geschloen a seng Täschen duerchsicht. Si hunn him dobäi de Portmonni ofgeholl a sinn a Richtung Gronn fortgelaf. Bei béide Männer handelt et sech ëm Persoune mat enger däischterer Hautfaarf, déi follgendermoosse beschriwwe goufen.
Täter 1: Ongeféier 1,80m grouss, hat e wäiss/groe Jogging un, sou wéi eng blo Mask an en donkelbronge Sonnebrëll.
Täter 2: Ongeféier 1,65m grouss, hat eng rout Trainingsjackett mat Kaputz an eng rout/gro Trainingsbox un, eng blo Mask an Dreadlocks.