Beim Centre SportifJonke Mann kritt zu Äischen an de Bauch geschoss

RTL Lëtzebuerg
RTL-Informatiounen no koum et zu Äischen e Freideg géint 19 Auer zu enger Schéisserei. E jonke Mann gouf uerg blesséiert an noutoperéiert.
© Domingos Oliveira

Um Sonndeg de Moien huet d'Police eis confirméiert, dass si e Freideg den Owend Reiwereien am Centre Sportif zu Äischen gemellt kruten. Eng Persoun wier och duerch e Schoss blesséiert ginn.

De Samu an d'Police sinn direkt op d'Plaz gefuer. De Blesséierte gouf direkt an d'Spidol bruecht an noutoperéiert.

RTL-Informatiounen no handelt et sech ëm e jonke Mann, deen an de Bauch geschoss krut.

D'Operatioun hätt de Mann gutt iwwerstanen.

De Parquet huet eng Enquête opgemaach. Et gëtt nach ëmmer no Zeien gesicht.

Back to Top
CIM LOGO