An der StadJonke Mann op der Kinnekswiss ugegraff a schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Grupp vu ronn 20 jonke Männer huet e Sonndeg zwou Persounen an der Stad ugegraff. Si konnte sech duerch d'Bascht maachen.
© RTL-Archiv

E Sonndeg den Owend gouf der Police géint 18 Auer ee schwéier blesséierte Mann op der Kinnekswiss gemellt. Am Park an der Géigend vum Boulevard Prince Henri hunn d’Secouristen nieft dem schwéier blesséierte Mann een zweete blesséierte Mann fonnt.

Déi zwee jonk Männer waren zu Fouss an der Géigend vun der Statue “Monument Princesse Amélie” ënnerwee, wou si vu ronn 20 jonke Männer ugegraff gi sinn. Dobäi hätt ee vun den Ugräifen engem vun den Affer an de Bauch geschnidden an hien dobäi schwéier blesséiert. Dat zweet Affer stoung ënner Schock, wéi d’Police ukoum a war duerch Schléi an d’Gesiicht blesséiert ginn.

Ier déi schwéier blesséiert Persoun an d’Klinik konnt kommen, misst si nach op der Plaz noutmedezinnesch versuergt ginn. Wéi d’Police e Méindeg mellt, géif si éischten Informatiounen no awer net a Liewensgefor schwiewen. Och den zweete jonke Mann gouf an d’Spidol bruecht.

D’Police huet no den Täter gesicht, mee ouni Erfolleg. De Mooss- an Erkennungsdéngscht vun der Police war op der Plaz. D’Ermëttlungen daueren un.

Jugendlechen um Houwald iwwerfall

An der Rue Edouard Oster um Houwald gouf e Sonndeg den Owend géint kuerz virun 21 Auer ee Jugendlechen iwwerfall. Een onbekannte Mann huet sech vun hannen un hier eru geschlach an huet hien dozou opgefuerdert, seng Täschen eidel ze maachen.

D’Affer ass deem awer net nokomm an huet probéiert, dem Ugräifer de Rucksak nees aus den Hänn ze rappen. Hie krut dobäi vum Ugräifer an d’Gesiicht geschloen a krut e Knéi an de Bauch gerannt. Wou d’Affer ugefaangen huet, haart ze blären, ass den Täter dunn ouni de Rucksak a Richtung Haaptstrooss op d’Route de Thionville fortgelaf. Et gouf eng Plainte gemaach an d’Police ermëttelt.

Drogendelikt op der Gare

E Méindeg de Moie gouf iwwerdeems ee Mann a Verbindung mat engem Drogendelikt festgeholl. Hie war der Police géint 9.35 Auer op der Gare opgefall. De Mann huet probéiert, virun der Policekontroll ze flüchten. An der Stroossbuerger Strooss konnt hien dunn awer trotz zolitter Géigewier gestallt ginn. Wou hie fortgelaf ass, huet de Verdächtegen eng Rei Drogeplombe fortgeheit, vun deenen 8 fonnt konnte ginn. Op Uerder vum Parquet gouf eng Plainte géint de Mann gemaach, 2,1 Gramm Kokain an Boergeld goufe saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO