
E Jonken hat kuerz virdrun an der Rue Aloyse Meyer vun engem Grupp Jugendlecher den Handy geklaut kritt.
Am Kader vun den direkt lancéierten Ermëttlungen hunn d’Beamten an der Géigend vun der Kapell, dat heescht do, wou et zum Iwwerfall koum, e Grupp vun néng jonke Persoune virfonnt. Si goufen op de Virfall ugeschwat, haten de geklauten Handy awer net bei sech. Wat se bei sech haten, ware Klappmesser an eng kleng Quantitéit Marihuana. Dëst gouf vun de Poliziste séchergestallt.
Géint déi Jugendlech, bei deenen et sech ëm déi Verdächteg gehandelt huet, gouf eng Plainte deposéiert.